Wéi gesäit e Spaghettisfest an enger Pandemie aus?

Wéi gesäit e Spaghettisfest an enger Pandemie aus?

Huelt Iech d’Spaghettisfest mat Heem!

Säit iwwer 35 Joer feiere mir d’Spaghettisfest op dem 15. August – dëst Joer awer bäi Iech doheem. Et ass dat zweet Joer an dem mir Iech leider net op déi traditionell Aart a Weis zu Eppelduerf empfänke kënnen. Trotz den Aschränkungen, déi dës Pandemie mat sech bréngt, wëlle mir Iech esou gutt et eis méiglech ass zerwéieren.

Stellt Iech hei onkomplizéiert Äre Menü zesummen a bezuelt online. Fir de 14. August 09:00-18:00 Auer maache mir alles prett fir dass Dir Är Bestellung siche komme kennt. De 15. August kënnt Dir Är Spaghetti doheem selwer traditionell virbereeden an d’Spaghettisfest mat Äre Beschten feieren!

Merci fir Är Bestellungen. Elo musse mir liwweren!

Mir leeën déi vill Bestellungen elo an déi emseg Hänn vun der Spaghettisfest Crew, déi alles virbereet, fir dass Dir se den 14. August um 09:00-18:00 Auer sichen komme kennt. Mir soen Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Mat Ënnerstëtzung vun eise Partner

Ouni eis Partner wier d'Spaghettisfest esou net méiglech. Mir soe Merci fir dës Geleeënheet a fir d'Vertrauen.
Spaghettisfest 2018

Säit 1985 ass d'Spaghettisfest a jonken Hänn.

D’Organisatioun vun dësem Fest läit ganz an den Hänn vun der Eppelduerfer Jugend. E Veräin, dee säit 1964 besteet an et sech zur Aufgab gemaach huet, eng oppe Gemeinschaft vu jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg ze stëften. An Zesummenaarbecht mat der Aerenzdallgemeng gouf dofir en Treffpunkt zu Eppelduerf ageriicht.

D’Organisatioun vun Events, wéi den Checkpoint Eppelduerf um Marche International de Diekirch, der Kiermes an dem Spaghettisfest, dreift de Virstand an d‘Memberen aus hirer Komfortzone. Den Erléis ënnerstëtzt den Ausbau vum Clubsall an erméiglecht weider Erliefnesser fir d‘Membere vum Veräin.