Säit elo 35 Joer brénge mir um gréisste Spaghettisfest an der Groussregioun Leit zesummen. Dëst Joer ass alles anescht. Trotz den Aschränkungen, déi dës Pandemie mat sech bréngt, wëlle mir Iech esou gutt et eis méiglech ass zerwéieren.
Dofir bidde mir fir de 14. August vun 14:00–20:00 Auer an de 15. August vun 09:00–18:00 Auer e kalen Takeaway un mat de Produiten, déi Dir braucht, fir bäi Iech doheem Äert klengt Spaghettisfest statt fannen ze loossen. Dir kennt op dëser Säit Är Bestellung opginn, déi mir fir de 15. August fir Iech zesummestellen. De 15. August treffe mir eis zesummen hei op dëser Websäit fir déi beschte Spaghettisfest-Momenter mateneen ze deelen.
D’Organisatioun vun dësem Fest läit ganz an den Hänn vun der Eppelduerfer Jugend. E Veräin, dee säit 1964 besteet an et sech zur Aufgab gemaach huet, eng oppe Gemeinschaft vu jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg ze stëften. An Zesummenaarbecht mat der Aerenzdallgemeng gouf dofir en Treffpunkt zu Eppelduerf ageriicht.
D’Organisatioun vun Events, wéi den Checkpoint Eppelduerf um Marche International de Diekirch, der Kiermes an dem Spaghettisfest, dreift de Virstand an d‘Memberen aus hirer Komfortzone. Den Erléis ënnerstëtzt den Ausbau vum Clubsall an erméiglecht weider Erliefnesser fir d‘Membere vum Veräin.